Den zweeten Deel vun der EIB-Klimaëmfro 2022 – 2023 ënnersicht d’Usiichte vun de Leit zum Klimawandel an enger sech séier verännerender Welt. D’Resultater vun dëser Ausgab konzentréiere sech op d’individuellt Verhale vun de Bierger an d’Moossnamen, déi se zur Bekämpfung vum Klimawandel ergräifen.
- 68 % vun de Leit am Alter vun 20 – 29 Joer zu Lëtzebuerg ginn un, datt d’Klimaauswierkunge vun engem zukünftege Patron e wichtege Krittär bei der Aarbechtsplazwiel sinn, a 16 % ginn un, datt dëst esouguer eng vun den héchste Prioritéiten ass.
- 58 % si fir méi streng staatlech Moossname, fir eng Ännerung vum perséinleche Verhalen duerchzesetzen (69 % vun de Persounen ënner 30 Joer).
- 77 % vun de Leit zu Lëtzebuerg ginn un, si géife méi fir klimafrëndlech Liewensmëttel bezuelen.
Dëst sinn e puer vun de Resultater vun der leschter Klimaëmfro vun der Europäesch Investitiounsbank (EIB), déi am August 2022 duerchgeféiert an haut verëffentlecht gouf. D’EIB ass d’Finanzéierungsinstitutioun vun der Europäescher Unioun an de weltwäit gréisste multilaterale Kreditgeeber fir Klimaschutzprojeten.
Individuellt Verhalen a méi streng staatlech Moossnamen
De Krich an der Ukrain a seng Follgen, inklusiv klammend Energiepräisser an Inflatioun, hunn d’Bedenken iwwer d’falend Kafkraaft zu Lëtzebuerg dramatesch verstäerkt. Allerdéngs bleift de Klimawandel laut der Majoritéit (55 %) vun de Befroten déi gréisst Erausfuerderung. Déi meescht vun hinnen, 60 %, sinn dovun iwwerzeegt, dat hiert eegent Verhalen en Ënnerscheed bei der Bewältegung vun der Klimanoutlag maache kann. Trotzdeem läit dëse Wäert 12 Prozentpunkten ënner dem EU-Duerchschnëtt.
Déi méi jonk Befrot ënner 30 Joer (72 %) sinn am Verglach zu Persounen iwwer 30 Joer (57 %) éischter dovun iwwerzeegt, datt hiert individuellt Verhalen eng Auswierkung kann hunn.
Fir vill spillt d’Regierung bei der Fërderung vun individuelle Verhalensännerungen eng Roll. D’Majoritéit vun de Leit zu Lëtzebuerg (58 %) si fir méi streng staatlech Moossnamen, fir eng Ännerung vum Verhale vun de Leit bei der Bekämpfung vum Klimawandel duerchzesetzen (69 % vun de Befroten ënner 30 Joer géifen esou Moossname begréissen).
Auswiel vun enger neier Aarbecht
All Joer, wann nei Leit an den Aarbechtsmaart antrieden, gewannen Klimaiwwerleeungen bei Wiel vun engem Patron u Buedem. Iwwer d’Halschent vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung (52 %) hält et fir wichteg, datt en zukünftege Patron der Nohaltegkeet Prioritéit araumt. Fir 11 % vun de Befroten huet dat esouguer héchst Prioritéit.
Vun de Leit am Alter vun 20 bis 29 Joer – an der Reegel déijéineg, déi hir éischt oder zweet Aarbechtsplaz sichen – gi méi ewéi zwee Drëttel (68 %) un, datt Nohaltegkeet e wichtege Faktor bei hirer Wiel ass, a 16 % ginn un, datt dëst déi héchst Prioritéit huet.
Kennzeechnung a Präisgestaltung vu Liewensmëttel
Op d’Liewensmëttelproduktioun entfält en erhieflechen Undeel vun den Zärgasemissiounen. Fir de Leit beim Akafe vu Liewensmëttel ze hëllefen, méi nohalteg Entscheedungen ze treffen, sinn 80 % vun de Leit zu Lëtzebuerg dofir, all Liewensmëttel ze kennzeechnen, fir hire Klimafoussofdrock ze ermëttelen. Dëst entsprécht ongeféier dem Wäert a Frankräich (83 %), läit awer 8 Prozentpunkten iwwer dem Wäert an der Belsch (72 %).
Ausserdeem gi 77 % vun de Leit zu Lëtzebuerg un, bereet ze sinn, e bësse méi fir Liewensmëttel ze bezuelen, déi lokal an nohalteg produzéiert ginn, wäit viru Frankräich mat 60 % a ganz beträchtlech 28 Prozentpunkte virun der Belsch mat 49 %. Dës Bereetschaft, méi fir Liewensmëttel ze bezuelen, erstreckt sech iwwer all Akommesgruppen (vun 68 % vun de Befrote mat nidderegem Akommes bis zu 84 % vun de Befrote mat méi héijem Akommes).
Eng weider wierksam Méiglechkeet fir d’Begrenzung vun den Zärgasemissioune wier d’Reduktioun vum Fleesch- a Mëllechprodukterkonsum. Awer knapp d’Halschent vun de Leit zu Lëtzebuerg (49 %) wier fir eng Begrenzung vun der Quantitéit u Fleesch- a Mëllechprodukter, déi d’Leit kafe kënnen (8 Prozentpunkten ënner de Fransouse mat 57 %, awer änlech de Belsch mat 48 %).
Ënnerprivilegiéiert Gruppe si méi staark fir d’Moosnam (59 %) ewéi d’Gruppe mat méi héijem Akommes (45 %) an et gëtt och en däitleche Generatiounsënnerscheed: 58 % vun de Leit ënner 30 Joer si fir d’Begrenzung vum individuelle Konsum vu Fleesch a Mëllechprodukter, am Géigesaz zu nëmme 44 % vun deenen iwwer 65 Joer.
Mat de Wierder vum EIB-Vizepresident Kris Peeters: „D’Resultat vun der EIB-Klimaëmfro weist, datt d’Leit zu Lëtzebuerg méi ewéi bereet sinn, de Klimawandel op individuellem Niveau ze bekämpfen. Als EU-Klimabank begréisse mir dësen Optrag. Et ass eis Roll, d’Mënschen an d’Lag ze versetzen, d’Klimakris ze bekämpfen. Mir maachen dat duerch d’Finanzéierung vu grénge Servicer wéi nohaltegen Transport, erneierbar Energie an energieeffizient Gebaier. An dës gréng Projete schafe sëlleg a sënnvoll Aarbechtsplaze fir jonk Europäer. Mir ënnerstëtze weiderhi Projeten an Initiativen, déi de grénge Wandel beschleunegen an no innovative Weeër sichen, fir zu enger bléiender Zukunft bäizedroen, an där keen zeréckbleift.“
Iwwer d’EIB-Klimaëmfro
D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) huet elo déi fënneft järlech Ausgab vun der EIB-Klimaëmfro duerchgeféiert, déi eng grëndlech Bewäertung vun der Astellung vun de Leit zum Klimawandel duerstellt. Déi fënneft Editioun vun der EIB-Klimaëmfro, déi an Zesummenaarbecht mat der Maartfuerschungsentreprise BVA duerchgeféiert gëtt, soll déi méi breet Debatt iwwer Astellungen an Erwaardungen am Hibléck op de Klimaschutz ureegen. Am August 2022 hu méi ewéi 28 000 Befroter un der Ëmfro deelgeholl, mat engem representative Panel vu Leit ab 15 Joer a fir jiddwereent vun den 30 befrote Länner.
Iwwer d’Europäesch Investitiounsbank
D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) ass d’Institutioun vun der Europäescher Unioun fir laangfristeg Finanzéierungen a befënnt sech am Besëtz vun den EU-Memberstaten. Den EIB Group huet e Fuerplang fir d’Klimabank verofschitt, fir hir éiergäizeg Agenda ëmzesetzen, mat där se an den zéng Joer bis 2030 Investitiounen an de Klimaschutz an d’ecologesch Nohaltegkeet an Héicht vun 1 Trillioun Euro ënnerstëtzen a bis 2025 méi ewéi 50 % vun den EIB-Mëttel fir de Klimaschutz an d’ecologesch Nohaltegkeet bereetstellt ginn. Am Kader vum Fuerplang goufen zanter Ufank 2021 all nei Operatioune vum EIB-Grupp un den Ziler a Grondsätz vum Paräiser Ofkommes ausgeriicht.
EIB Global ass déi nei Spezialeenheet vum EIB-Grupp, dee sech fir d’Steigerung vun der Auswierkung vun internationale Partnerschaften a vun der Entwécklungsfinanzéierung asetzt. EIB Global ass dorop ausgeriicht, niewent der Zivilgesellschaft an aneren Entwécklungsfinanzéierungsinstitutioune staark, zilgeriicht Partnerschafte bannent dem Team Europe ze fërderen. EIB Global bréngt de Grupp iwwer hir Büroen op der ganzer Welt méi no un d’Mënschen, Entreprisen an Institutiounen um Terrain erun.
Iwwer BVA
BVA ass eng Meenungsfuerschungs- a Berodungsentreprise, déi als eng vun den innovatiivste Maartfuerschungsentreprisen a hirer Branche unerkannt ass. BVA ass op Verhalensmarketing spezialiséiert a kombinéiert Daten- a Sozialwëssenschaft, fir Daten inspiréierend ze gestalten an an d’Liewen ze ruffen. BVA ass och Member vum Worldwide Independent Network (WIN) fir Maartfuerschung, engem globalen Netzwierk vu e puer vun de féierende Maartfuerschungs- an Ëmfroentreprisë mat iwwer 40 Memberen.