Zur neuesten Ausgabe dieser Publikation.
Description
D'Europäesch Investitiounsbank huet zum Zil, de Wuesstem an d'Schafe vun Aarbechtsplazen an de Beräicher vun der Innovatioun an de Fäegkeeten, de klengen a mëttelgrousse Betriber, den Aktioune fir d'Klima an der strategescher Infrastruktur an der ganzer EU ze fërderen.
D'EIB ënnerstëtzt de wirtschaftlechen Opschwong an Europa, andeems se den Europäesche Fonds fir Strategesch Investissementer ëmsetzt, deen zum Investitiounsplang fir Europa gehéiert.
Ausserhalb vun der EU spigelen der EIB hir Aktivitéiten der EU hir Aussepolitik erëm. D'EIB ass haaptsächlech aktiv an de Kandidatelänner an an den ëstlechen a südlechen Nopeschlänner.
D'EIB ass och an afrikaneschen, karibeschen a pazifesche Länner, an an Asien a Latäinamerika aktiv a finanzéiert d'Entwécklung vum Privatsecteur op der Plaz, d'sozial a wirtschaftlech Infrastruktur a Projete fir de Klimaschutz.