Fir d’Iwwerschwemmungen ze begrenzen, renaturéiert Lëtzebuerg d’Uelzecht an d’Péitruss mat Ënnerstëtzung vum Finanzéierungsaarm vun der EU

Fir d’Stad virun Iwwerschwemmungen ze sécheren, hu lëtzebuergesch Ingenieuren High-Tech an ale Methode zesummebruecht. Si hu Kaarten aus der Zäit vun der Habsburger Herrschaft ënnersicht, fir Verännerungen vum Flossverlaf an dem Héichwaasserplang vun der Uelzecht ze verfollegen. A si hu modern Technologie genotzt, fir e Renaturéierungsprojet zu Steesel an am Dall vun der Péitruss ze konzipéieren.

„Zil vun dëse Projeten ass, de Waasserleef méi Plaz zeréck ze ginn“, sou de Bruno Alves, Attaché vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit. „Am Fall vun Héichwaasser ka sech d’Waasser elo ausbreeden, wou et weeder mënschleche Tätegkeete beanträchtegt nach d’Sécherheet vun de Mënsche gefäert.“

Den Alves a seng Ekipp hunn och kënschtlech geschaf Hindernesser wéi Dämm oder kleng Waasserfäll ewechgemaach, fir datt d’Fësch nees fräi wandere kënnen. Méi natierlech Waasserleef verbesseren d’Waasserqualitéit, bidden en natierleche Liewensraum fir Waasserplanzen an ‑déieren an droen zum Schutz vu Stied an Dierfer bäi.

„Dës Projete weisen däitlech, datt naturbaséiert Léisunge méi Virdeeler fir d’Ëmwelt, awer och fir d’Mënschen hunn“, sou den Alves.

D’Europäesch Investitiounsbank, déi sech am Besëtz vun de 27 Memberstate befënnt, huet 9 Milliounen Euro bereetgestallt, fir d’Uelzecht ze renaturéieren. Dat ass nëmmen eng vu villen Investitiounen zu Lëtzebuerg vun der Finanzéierungsariichtung vun der Europäescher Unioun mat Sëtz um Kierchbierg. D’lescht Joer hu mir 140 Milliounen Euro zu Lëtzebuerg investéiert.

D’Europäesch Unioun liwwert. Dohier sollt Dir bei den Europaparlamentwalen den 9. Juni wielen. Gitt op together.eu, fir informéiert ze bleiwen.