Wärend déi Befrot de Klimawandel no de klammende Liewenshaltungskäschten zu den Erausfuerderunge vun hirem Land zielen, si sech laut der vun der Europäescher Investitiounsbank (EIB) an Optrag gi järleche Klimaëmfro méi ewéi véier vu fënnef Lëtzebuerger eeneg, datt Investitiounen an d’Upassung un de Klimawandel elo noutwenneg sinn, fir laangfristeg méi héich Käschten ze vermeiden.
Wichtegst Erkenntnesser
- 95 % vun de lëtzebuergesche Befrote ginn un, datt et wichteg ass, datt sech hiert Land un de Klimawandel upasse muss. Bal d’Hallschent (47 %) vun hinne gëtt un, datt et prioriséiert muss ginn.
- 82 % stëmmen zou, datt direkt Ausgabe fir d’Upassung un de Klimawandel elo erfuerderlech sinn, fir an Zukunft nach méi héich Käschten ze vermeiden.
Mat klammender Heefegkeet a Schwéiert vun Naturkatastrophe klëmmt de wirtschaftlechen Tribut vum Klimawandel weider un. Wëssenschaftler warnen, datt dës Katastrophen ëmmer méi deier ginn. Laut engem Bericht vun der Europäescher Ëmweltagence[1] ass Europa den Ament de Kontinent mat der séierster Erwiermung an et gëtt erwaart, datt déi extreem Wiederereegnesser mat klammende globalen Temperaturen zouhuelen. Dës Eskalatioun stellt d’Infrastruktur virun erhieflech Erausfuerderungen a bedrot d’Stabilitéit vun der weltwäiter Waasser- an Liewensmëttelversuergung, wat d’dréngend Noutwennegkeet vun ëmfaassende Klimaanpassungsstrategien ënnersträicht.
D’EIB huet haut hire siwente järleche Klimabericht verëffentlecht, an deem d’Usiichte vu méi ewéi 24 000 Befroten an der EU an an den USA zum Klimawandel erfaasst ginn. Zu Lëtzebuerg hu 500 Persounen un der Ëmfro deelgeholl, déi am August 2024 duerchgeféiert gouf.
E wichtegt Thema
- 95 % vun de Leit zu Lëtzebuerg erkennen d’Noutwennegkeet un, sech un de Klimawandel unzepassen (no dem EU‑Duerchschnëtt vu 94 %). Méi genee, 47 % (am Verglach zum EU‑Duerchschnëtt vu 50 %) halen d’Upassung un de Klimawandel fir eng Prioritéit zu Lëtzebuerg an de kommende Joren an 48 % hale se fir wichteg, awer net fir eng Prioritéit.
D'Upassung un de Klimawandel gëtt och als wirtschaftlech Chance a laangfristeg Investitioun fir d’Land ugesinn:
- 83 % ginn un, datt Investitiounen an d’Upassung un de Klimawandel zur Schafung vun Aarbechtsplazen an zur Stäerkung vun der lokaler Wirtschaft bäidroe kënnen (am Verglach zu 86 % an der EU).
- 82 % sinn der Usiicht, datt d’Upassung un de Klimawandel Investitiounen erfuerdert, fir an Zukunft méi héich Käschten ze vermeiden (am Verglach zu 85 % an der EU).
Auswierkunge vum Klimawandel a verännert Liewensstiler
Déi Befrot zu Lëtzebuerg erkennen zwar d’wirtschaftlech Méiglechkeete vun den Upassungsmoossnamen un d’Auswierkunge vum Klimawandel un, awer hir perséinlech Erfarunge mat extreeme Wiederereegnesser verstäerken d’Drénglechkeet vun de Moossnamen:
- 79 % (am Verglach zum EU‑Duerchschnëtt vun 80 %) hunn op d’mannst een extreemt Wiederereegnes an de leschte fënnef Joer erlieft. 47 % vun der Gesamtbevëlkerung hunn ënner extreemer Hëtzt an Hëtztwelle gelidden (am Verglach zu 55 % an der EU), 42 % hate schwéier Stierm oder Knëppelsteng (8 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt vu 34 %) an 41 % ware mat Iwwerschwemmunge konfrontéiert (21 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt vun 20 %).
D’Follge vun extreeme Wiederereegnesser sinn esouwuel spierbar wéi och villfälteg.
- 69 % vun de Befroten zu Lëtzebuerg hunn uginn, datt se op d’mannst eng direkt Konsequenz vun extreeme Wiederereegnesser erlieft hunn (no dem europäeschen Duerchschnëtt vun 68 %). 39 % vun der Gesamtbevëlkerung ware mat Verkéiersstéierunge konfrontéiert (18 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt vun 21 %), 24 % mat Saachschied wéi Daachschied, Iwwerschwemmungen, Äerdrutscher oder Buedemerosioun (7 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt) an 20 % mat iwwerhéichte Versécherungsprimmen (9 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt vun 11 %).
An dësem Zesummenhang si sech vill Lëtzebuerger der Noutwennegkeet bewosst, sech unzepassen:
- D’Hallschent vun de Befroten (50 %, wann och ënner dem EU-Duerchschnëtt vun 72 %) erkennen un, datt se hire Liewensstil opgrond vum Klimawandel upasse mussen.
- 18 % (am Verglach zu 35 % an der EU) mengen, datt si op eng manner gefäert Plaz plënnere mussen, och lokal (fir Iwwerschwemmungen, Bëschbränn oder aner extreem Wiederereegnesser ze vermeiden)
- 12 % (am Verglach zu 28 % an der EU) ginn un, datt si an eng méi kill Regioun oder e méi killt Land plënnere mussen.
D’individuell Upassung un de Klimawandel erfuerdert e gutt Mooss un Informatiounen. Déi meescht Leit zu Lëtzebuerg (74 %, no dem EU‑Duerchschnëtt vun 71 %) ginn un, datt si iwwer Moossnamen informéiert sinn, déi si ergräife kënnen, fir hir Wunneng wierksam un hire Liewensstil unzepassen. Iwwer d’Hallschent (53 % am Verglach zum EU‑Duerchschnëtt vu 60 %) ass sech awer nach net bewosst, datt ëffentlech Subsiden oder finanziell Ureizer zur Ënnerstëtzung vun esou Beméiungen existéieren.
Prioritéite fir Upassungsmoossnamen
Déi Befrot zu Lëtzebuerg hunn déi follgend Haaptprioritéite fir d’lokal Upassung un de Klimawandel identifizéiert (déi Befrot konnte bis zu dräi Optiounen aus enger méi laanger Lëscht auswielen):
- D’Kille vu Stied duerch Derbäisetze vu Beem laanscht de Stroossen oder d’Schafe vu Gréngflächen (52 %)
- Verbesserung vun der Infrastruktur – zum Beispill duerch besser Drainagesystemer, Héichwaasserbarrièren, Stuermschutzvirrichtungen oder robust Stroumnetzer (50 %, 11 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt vun 39 %)
- Planze vu Vegetatioun, déi méi widderstandsfäeg géintiwwer dem Klimawandel ass (37%)
Zu der Fro, wie fir d’Upassung un de Klimawandel bezuele sollt (déi Befrot konnte bis zu dräi Optiounen aus enger méi laanger Lëscht auswielen):
- 39 % sinn der Usiicht, datt d’Käschte vun den Entreprisen an Industrië gedroe sollte ginn, déi am meeschten zum Klimawandel bäidroen
- 30 % ginn un, datt all gläich vill bezuele sollten.
- 14 % ginn un, datt déi méi räich Persounen d’Käschten duerch méi héich Steiren droe sollten.
An dozou, wie fir d’éischt vun der Hëllef fir d’Upassung profitéiere sollt (déi Befrot konnte bis zu dräi Optiounen aus enger méi laanger Lëscht auswielen):
- 55 % sinn der Usiicht, datt all gläichermoossen dovu profitéiere sollten (17 Punkten iwwer dem EU‑Duerchschnëtt vun 38 %)
- 22 % ginn un, datt Mënschen, déi an Héichrisikoregioune liewen, fir d’éischt dovu profitéiere sollten
- 15 % sinn der Usiicht, datt d’Mënsche mat méi nidderegem Akommes Prioritéit ageraumt sollt ginn
D’Suergen doriwwer, wie vun der Upassungshëllef profitéiere sollt, geet iwwer d’national Prioritéiten eraus. Méi ewéi d’Hallschent (57 %, änlech dem EU‑Duerchschnëtt vu 57 %) vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung erkennt d’Noutwennegkeet un, déi weltwäit Upassungsbeméiungen ze ënnerstëtzen, an ass der Usiicht, datt hiert Land méi ënnerhuele sollt, fir den am stäerkste gefäerten Entwécklungslänner bei der Upassung un de Klimawandel an d’wuessend Auswierkunge vum Klimawandel ze hëllefen.
EIB-Grupp
D’Europäesch Investitiounsbank (EIB) ass d’Institutioun vun der Europäescher Unioun fir laangfristeg Finanzéierungen am Besëtz vun den EU‑Memberstaten. Se finanzéiert zolidd Investitiounen, déi zu de politeschen Ziler vun der EU bäidroen. EIB‑Projete fërderen d’Wettbewerbsfäegkeet, Innovatioun, nohalteg Entwécklung, se stäerken de sozialen an territorialen Zesummenhalt an ënnerstëtzen eng méi gerecht an e séieren Iwwergang zur Klimaneutralitéit.
Den EIB‑Grupp, zu deem och den Europäeschen Investitiounsfong (EIF) gehéiert, huet 2023 nei Finanzéierungen an der Héicht vun insgesamt88 Milliarden Euro fräiginn – 90 % dovun an der Europäescher Unioun. Mat dësen Zousoe sollten Investitiounen an der Héicht vu ronn 320 Milliarden Euro mobiliséiert ginn, déi 400 000 Entreprisen a 5,4 Milliounen Aarbechtsplazen ënnerstëtzen.
All vum EIB‑Grupp finanzéiert Projete stinn am Aklang mam Paräiser Klimaofkommes. Den EIB‑Grupp finanzéiert keng Investitiounen a fossil Brennstoffer. Mir sinn um richtege Wee, eis Zousoen anzehalen, am Zäitraum bis 2030 Investitiounen an de Beräicher Klima an ekologesch Nohaltegkeet an der Héicht vun 1 Billioun Euro ze ënnerstëtzen, wéi an eisem Fuerplang vun der Klimabank zougesot. Iwwer d’Hallschent vun de järleche Finanzéierungsmëttel vum EIB-Grupp ënnerstëtzt Projeten, déi direkt zum Klimaschutz, zu der Upassung un de Klimawandel an zu enger méi gesonder Ëmwelt bäidroen.
Ongeféier d’Hallschent vun den EIB‑Finanzéierunge bannent der Europäescher Unioun si fir Kohäsiounsregioune bestëmmt, an deenen d’Pro‑Kapp-Akommes méi niddereg ass. Dat ënnersträicht den Engagement vun der Bank fir d’Fërderung vun engem integrative Wuesstem an d’Konvergenz vum Liewensstandard.
EIB-Klimaëmfro
D’Europäesch Investitiounsbank (EIB), d’Klimabank, huet haut déi siwent Editioun vun hirer järlecher Klimastudie verëffentlecht. Zanter 2018 a mat Bäitreeg vu méi als 24 000 Befrote liwwert d’Ëmfro Ablécker an d’Gefiller vun de Mënschen an der Europäescher Unioun an an de Vereenegte Staaten iwwer de Klimawandel. Dës Studie gouf online (um Computer, Tablet oder Handy) vun der BVA Xsight vum 6. bis den 23. August 2024 an de 27 Länner vun der Europäescher Unioun an an de Vereenegte Staaten duerchgeféiert. Weider Informatioune iwwer d’Methodik fannt Dir hei.
[1] Europa ass net op séier wuessend Klimarisikoe virbereet | Homepage vun der Europäescher Ëmweltagence (europa.eu)